Wëlls du deng eenzegaarteg Stëmm fannen an dru schaffen?
A personaliséierte Coursë verfeiners du deng Gesangstechnik a verstäerks deng Ausdrocksfäegkeet fir e staarken Optrëtt – egal ob als Solo-Kënschtler oder Deel vun enger Band. Du léiers och, wéi’s de deng Stëmm live mat Band richteg asetz, verbessers deng Bünepresenz an entwéckels méi Selbstvertrauen.
Mat 24 Joer Erfarung mat live Concerten, Touren a Studioaarbecht geet d’Julie Rodesch iwwert den traditionelle Gesangscoaching eraus. Hat bitt och Studio-Coaching un, wou’s du effizient Opnamtechnike souwéi de richtege Gebrauch vum Mikrofon léiers fir expressiv an héichwäerteg Takes an engem professionellen Ëmfeld ofzeliwweren.
Egal op’s du Ufänger oder fortgeschratt bass – looss eis zesummen deng Stëmm zu hierem volle Potential entwéckelen!
Zousätzlech ass d’Julie och verfügbar fir Songwriting (Texter a Melodien), Textiwwersetzungen a Gesangsopnamen am Studio.