Als Piano-Schüler am Conservatoire a spéiderhin als Keyboarder a Band-Komponist am Genre “Rock mat orchestralen a klasseschen Elementer” hunn ech säit den 90er Joeren vill interessant Museker an Ingenieure kenne geléiert. Duerch eis Opnamen a Produktiounen sinn deemno den Interessi fir engersäits Kompositiounen am Filmmusek-Genre,  haaptsächlech awer fir d’Tountechnik, ëmmer méi an de Virdergrond gerutscht.

Meng perséinlech Erfahrungen, souwéi och di verschidden Ausbildungen an deene leschte Joeren an dëse Beräicher erlabe mir et, Är Stécker a verschiddene Genren, wéi beispillsweis Rock, Pop oder och Orchester- a Filmmusek, ze mëschen. Natierlech gi ech am Kontext vun der Realisatioun och gären Ideeën oder Virschléi mat op de Wee – bis hin zum Austausch an Nei-Arrangement vun Ären klasseschen Overdubs mat Hëllef vun opwennegen Orchester-Librairien.

Christian Krier

www.christiankrier.com